“Kulturhaus“ II 20, route de Luxembourg II L-6910 Roodt-sur-Syr

d'Fifties zu Lëtzebuerg

7.11.2014 à 19h30

Dokumentarfilm vum Andy Bausch

 

D'50er Jore sinn e konservativt Joerzéngt.
De Krich ramouert nach an de Leit hire Käpp a well vill Léisungen an de
Nokrichsjoren nëmme provisoresch waren, gëtt fläisseg "rekonstruéiert".
Et genéisst een de Fortschrëtt, déi nei Abaukichen, den éischten eegenen Auto,
den Akaf am éischte Supermarché vum Land oder d'Vakanz an Italien.

Den gréissten Arbeitgeber ass d'Eisen- a Stolindustrie.
Enn der 50er Joren schafft 1/4 vun der aktiver Populatioun op der Schmelz.
De klenge Mann këmmert sech wéineg ëm der Regierung hir Efforten
fir um Europäesche Plang matzehalen an als europäesch Avantgarde
souzesoen dem Land seng Zukunft ze sécheren.

Seng Bouwen schéckt de Familljepapp an d'Musterung an dono an d'Arméi,
an déi "modernsten Kasäre vun Europa".
D'Duechter awer däerf doheem bleiwen a wéi d'Mamm vun deene villen
neien Haushaltshëllefe wéi Frigo, Streckeisen, Wäschmaschinn an deene
sëllechen neie Botzmëttele profitéiere, vun deenen Zäitschrëfte voll stinn.

Hir eegen Dreem kritt d'Jugend vun eisem groussen, amerikaneschen Alliéierte virgesat:
Kino, Moud, Schlager, Schnulzen an déi verpöhnten "Negermusek" :
 Rock'n Roll.

Euphoresch ginn d'Lëtzebuerger wann de Prënz Jean seng belsch Prinzessin
bestit a beim Sport, wann de Charly Gaul den Tour de France gewënnt
oder de Josy Barthel déi éischt (a bis elo eenzeg) Goldmedaille vun den
Olympesche Spiller zu Helsinki mat Heem bréngt.

A sengem neien Documentaire "D'Fifties" stellt den Andy Bausch en
intressanten an ënnerhalende Mix zesumme vu Filmbiller aus de 50er Joren,
Biller vum 1955 gegrënnte "Journal de Telé Luxembourg", Amateursbiller,
klassesch Propagandafilmer vum Philippe Schneider, Zeitungsartikelen,
Fotoen vun de Fotografen Theo Mey, Tony Krier a Paul Aschmann,
rar Toundokumenter a virun allem déi munnechmol witzeg, munnechmol
bësseg Aussoen vun de villen Interviewpartner wéi:
Pe'l Schlechter, Mesy Faber-Bergamini, Rosch Krieps, Roger Quaino,
Josy Stoffel, Albert Breuer, Jerry Darnelle, Henri Losch, Mario Igniti,
Jempy Schmitz, Lex Roth, Fernand Fox, Fernand Meneghetti, Colette Flesch,
Gaston Vogel, Pilo Fonk, Josée Jaminet, Josef "Xav" Bofferding,
Jean Defrang, Vic Haas, Lucien Haas ..... a mat de kierzlech verstuerwenen
Bim Diederich
(1922-2012) an Nic Weber (1926-2013).

De Film beschäftegt sech mat den Traditiounen, der Kierch, der Press, Europa,
der Ënnerhalung, dem Rock'n Roll, der Assoss, dem Sport, dem Konsum,
der neier Mobilitéit, dem Kommunismus ... an anerem moderne Gedeessems.
Intressant sinn heibäi och d'Parallelen tëscht de 50er Joren an eiser Zäit:
d'Prënzenhochzäit, déi erzwongen Neiwahlen (déi lescht Neiwahlen waren
am Fréijoer 1959) oder den Doping am Vëlosport.
Musikalesch gëtt de Film ënnermoolt vu Museken aus de 50er Joren
(Jean Roderes, Mesy Faber, Jean-Pierre Kemmer, Hary Haagen a.v.a.)
a virun allem vum Pascal Schumacher senger Filmmusek.

Originalfassung Lëtzebuergesch mat franséischen Ënnertitelen.

Directed by                   Andy Bausch
Speaker                       Nico Graf
Produced by                 David Grumbach & Paul Thiltges

 

A Präsenz vum Realisateur Andy Bausch a vum Produzent Paul Thiltges

 
 
Organisateur
Commune de Betzdorf
Tarifs
entrée libre
>> Lieu
Syrkus