“Kulturhaus“ II 20, route de Luxembourg II L-6910 Roodt-sur-Syr

10.5.2015 à 16h00

Grouss Panik an der Oas Rimalha

Dem Scheich Abu Ackmack seng Uelegquell ass verstoppt!

D'Tarta Ruga, eng rieseg Deckelsmouk, hält hiren Wanterschlof just op deem
Lach wou den Ueleg soll eraus sprëtzen.
Et gëtt nëmmen eng Léisung:
Den Inspekter Jimmy Schnoffler a seng Assistentin Camille Driipsert vum
Kommissariat vu Gonnereng mussen erbäi, fir dat Déier do ze réckelen ......

Wat hinnen alles geschitt, ween si ënnerwee begéinen a ween och op eemol
an der Oas virun hinnen steet, dat wëlle mer elo nach net verroden.
op jidder Fall wäert dir während dësem Kannermusical méi wéi eng Kéier
staunen.

Tarta Ruga, geschriwwen vum Liane Nimax a komponéiert vum Max
Fischbach, ass e neit Kannermusical op lëtzebuergesch fir déi ganz Famill.
Gespillt vun der Kannergesangsklass a begleet vum Orchester aus der
Maacher Musekschoul, ënnert der Leedung vum Katia Lucius.

 
 
 
Organisateur
Maacher Musekschoul, Gemeng Betzder, Frënn vun der Maacher Musekschoul
Tarifs
entrée libre
>> Lieu
Syrkus