
Troublemaker vun 1988 den 17.12.15 um 20h00
De Jacques Goudebour, dee gär Johnny Chicago genannt gëtt a vun Amerika
dreemt, an den Chuck Moreno léiere sech am Gronn kennen.
Kaum entlooss, organiséiere se sech e Klabes, fir en Iwwerfall op e
Geldtransporter ze maachen ..........
Back in Trouble vun 1997 den 19.12.2015 um 19h00
De Johnny Chicago gëtt no 10 Joer aus dem Prisong entlooss ma Virsaz, do
soubal net méi hannescht ze goen.
Säi Kolleg Chuck Moreno huet an der Tëschenzäit e geregelt Familljeliewen.
Hien ass dofir net grad begeeschtert, wéi den Jonny enges Daags
ugschäert kennt mat engem bommeséchere Plang .........
Trouble no more vun 2010 den 19.12.2015 um 21h15
Nodeem de Johnny Chicago bei eingem Bank-Iwwerfall vun der Police
erschoss gi war, versicht den Chuck Moreno, mat Hëllef vum Johnny
sengem Brudder, dem Ray Goudebour (Marco Lorenzini), dem Johnny
säin leschte Wonsch ze erfëllen an seng Äschen op Chicago ze bréngen ........
D' Galerie Moderne vu Grevenmacher huet sech spontan bereet erkläert fir divers
Sëtz-Gruppen & Sëtz-Méiglechkeeten zur Verfügung ze stellen!
Dofir ass et méiglech des Film-Trilogie op groussem Écran wéi Doheem an der
Stuff kënnnen ze genéissen !
Och um Popcorn soll et bei deem Owend net feelen!