“Kulturhaus“ II 20, route de Luxembourg II L-6910 Roodt-sur-Syr

19.2.2016 à 20h00

Operett vum Dicks

Hätt onse gudden DICKS nët déi wonnerschéi Musek zu sengem Kaméidistéck "OP DER JUEGD" komponéiert, géif d’ Stéck - wéinst dem nët onëmstriddenen Thema "der Juegd" - wuel kaum hautdesdaags nach op Spillpläng ze fanne sinn.

Mee wann de Carlo Hartmann sech dësem Thema unhëlt, dann trieden am verschneiten Theater Bësch nët nëmmen d’ Frënn vu Jeeërei, vu Bësch a vum Wëld op, mee och d’ Kritiker vun deenen Traditiounen kommen - natierlech zum grousse Spaass vum Publikum - zu Wuert an däerfen sech mat hire Positioune lächerlech maachen.

Eng héichkaräteg Besetzung bréngt déi musikalesch Bijouen (D'Piirle vum Daa -
D’ Fëscher an Jee'r - Bei mir, an onsem Gréit - 'T si vill schéi Rousen an der Stad......) ganz apaart zum glënneren.

Eng Produktioun vun der OPERA du TROTTOIR a.s.b.l.

Inszenéierung                Carlo Hartmann

Kostümer                        Yannchen Hoffmann

Haaptrollen                     Dany Weiler, Yannchen Hoffmann,
                                        Jean-Nico Schamburg, Claude Kraus,
                                        Carlo Hartmann, Manfred Logeling

Orchesterleedung          Romain Welter

 
 
 
Organisateur
Commune de Betzdorf
Tarifs
12 € / 6 € - prévente 15 € / 8 € / Kulturpass - caisse du soir
>> Lieu
Syrkus