20, ROUTE DE LUXEMBOURG - 

L-6910 ROODT-SUR-SYRE

INTERN

Concert-picto

13/11/2020 - 20h00

KMK - Kabarett Mars Klein

CD Release: Duelle - Falle für Fälle

Literaresch hëtzeg.Musikalesch sprëtzeg.

De geplangten Owend Wann e Salamander mam Feier spillt
vum 29. Abrëll huet mussen ausfalen….
Elo presentéiert KMK dann exklusiv am Syrkus säin neie CD mam Titel
Duelle-Falle für Fälle.
Mat ville frësche Kompositioune vu Gedichter vum Kurt Tucholsky,
Heinrich Heine, Joachim Ringelnatz, Roger Manderscheid an aneren,
a mat sprëtzege geschwaten Texter vum Mars Klein.

 

Mam Véronique Kinnen a Sabine Rossbach huet de Mars Klein exzellent
Sängerinnen a Schauspillerinnen nieft sech,
a mam Rudi Schubert e kreative Komponist um Piano.

Si presentéieren een zum Deel lëschteg-witzegen an zum Deel
kritesch-nodenkleche Café-Cabaret Owend, ganz nom Motto vum KMK:
Kluges mit Kritischem.

De Spektakel dauert 70 Minutten ouni Paus.

Tickets :  www.luxembourgticket.lu - Tél. 47 08 95 1
Tarifs :  12€ / 8€ - prévente
15€ / 10€ 1.5€ - caisse du soir